Wousst der schonn...

De Paul Lenert am Gespréich mam Sabine Friedrichs am RTL-Studio fir d’Sendung “Wousst der schonn?”. Des interessant Emissioun as des Woch fir d’Firma SkyCom reservéiert an zwar en Dënschdeg, e Mëttwoch, e Donneschdeg an e Freideg all Kéiers em 7.25 Auer. Et lount sech nozelauschteren, fir deen, deen u Geolokalisationsléisunge fir seng Entreprise interesséiert as.


 

Wousst der schonn – Dënschden, den 07.12.2015

Sabine Friedrichs: Wousst der schonn...
... dass Entreprisen hir Efficacitéit kënnen verbesseren, wa se hir Gefierer mam Geolokalisationssystem WinFleet® vun der Firma SkyCom equipéieren?– Paul Lenert, Generaldirekter vun der Firma SkyCom.

Paul Lenert: Méi efficace heescht jo, dat ee mat manner Ressourcen oder Opwand dat selwecht Resultat erwirtschaften kann oder mat engem onverännerte Niveau vu Ressourcen besser gëtt.  D’Idee vu WinFleet® besteet do dran fir Entreprise mat Gefierer op eng einfach a käschtegënschteg Art a Weis e sënnvollen Outil unzebidden fir z.B. d’Qualitéit am Aussendéngscht ze optiméieren oder dei intern Ofleef an enger Firma ze verbesseren, egal op dat elo 2 oder 200 Gefierer sinn.

Sabine Friedrichs: An esou kann eng Firma, déi WinFleet® notzt, kann zu all Moment an och iwwerall, mat engem Klick um Computer oder Smartphone  kucken, wou hir Gefierer grad ënnerwee sinn.

Paul Lenert: Dat ass am Handwierksberäich wichteg, wa kuerzfristeg  e net ageplangten Depannage muss gemaach ginn. Aplaz laang rondrëm ze telefonéieren, fir eraus ze fannen, wien grad wou op wat fir enger Plaz ass, an esou onnéideg Zäit ze verléieren, kann een ebe mat WinFleet® direkt  kucken, wat fir een Techniker grad am noosten op der Plaz ass, wou des Noutinterventioun ze maachen as. Et huet jo kee wäert een aus der Stad op Grevenmacher ze schécken, wann just een vu  Waasserbëlleg um Réckwee ass.

Sabine Friedrichs: Des Reaktivitéit, also de schnelle Service,  kënnt natierlech direkt deem Client zegutt, deem seng Heizung zum Beispill ausgefall ass.

Paul Lenert: Awer och de Fournisseur, also d’Firma, déi mat WinFleet® equipéiert ass, spuert esou Zäit an domat natierlech och Geld.  

Sabine Friedrichs: Also ganz interessant a weider Infoen kritt a muer de Moien an eisem "Wousst der schonn" oder elo schonn op www.skycom.com.

 

Wousst der schonn – Mëttwoch, den 08.12.2015

Sabine Friedrichs: Wousst der schonn...
...dass de Produit WinFleet® vun der Firma SkyCom vu Nidderdonwen vill méi ass wéi eng einfach Geolokalisatioun? – Paul Lenert, Generaldirekter vun der Firma SkyCom.

Paul Lenert: D’Standardapplikatioun vu WinFleet® ass effektiv fir ze kucken, wou d’Gefierer vun enger Entreprise stinn oder wou se aktuell fueren. D’Positiounen ginn ugewisen op enger Tabell oder geographesch op enger Kaart. All Donneen, déi mat deem am Gefier installéierte Bordcomputer gesammelt ginn, erméiglechen et och, ze kucken, wat fir eng Streck oder wivill Kilometeren d’Gefierer haut, gëschter oder en aneren Dag gefuer sinn, wou d’Autoe stoe bliwwe sinn oder wéi laang genau  d’Interventioun bei de Clienten gedauert huet.

Sabine Friedrichs: An dat hëlleft dann engem WinFleet®-User zum Beispill fir Rechnunge séier a präzis ze schreiwen oder och Reklamatioune kënne besser ze beuerteelen.

Paul Lenert: Mat WinFleet® kann een och eng Recherche maachen, wéini oder wéi oft d’Firma an enger gewësser Referenzperiod beim Client X oder Y war.  Fir Baufirmen, déi verschidde Chantiere bedéngen, ass dat wichteg, fir d’Käschten richteg zou ze uerdnen. Och fir d’Erfaassung vun den Aarbechtsstonne vun de Mataarbechter am Aussendéngscht bidd WinFleet® einfach an efficace Léisungen un. Esou guer Temperaturen aus Frigocamione kënne live mat WinFleet® an d’Zentrale iwwerdroe ginn.

Sabine Friedrichs: A Fir d’Chauffeuren, déi de Betribsauto och fir Privatzwecker kënnen notzen, ass e Schalter On/Off virgesin, deen d’Privatsphäre respektéiert.  Aner wichteg Zousazfonktioune sin:

Paul Lenert: Den Alarmmanger oder den elektronesche Carnet de Route. Och Zäiterfaassung a Chaufferidentifikatioun si méiglech.

An der Versioun WinFleet® 10, déi d’Informatiker vu Nidderdonwen, dest Joer faerdeg gestallt hun, gett et d’Optioun Eco-Drive, fir déi d’Firma  SkyCom iwregens viru kuerzem mam Emweltpräis vun der FEDIL eng schéin Unerkennung kritt huet.

Sabine Friedrichs: D’Option Eco-Drive erlabt et, unhand vu verschiddene Parameter de Fuerstil vun enger Flott ze bewerten. Weider Infoen iwwer WinFleet® vun der Firma SkyCom gitt et muer an eisem "Wousst der schonn" oder elo schonn op www.skycom.com.

 

Wousst der schonn – Donneschden, den 09.12.2015

Sabine Friedrichs: Wousst der schonn...
...dass d’ Firma SkyCom mat hirem Geolokalisatiounsdéngscht WinFleet® sech duerch en excellente Service um Client auszeechent?
Zënter der  Grënnung vun der Firma am Joer 1994 duerch de Claude Lenert steet de Client bei SkyCom am Mëttelpunkt. - Paul Lenert, Generaldirekter vun der Firma SkyCom.

Paul Lenert: An dofir maache mir regelméisseg Ëmfroen, fir eis kënnen ze verbesseren an och d’Besoinen vun eise Clienten optimal ze bedéngen.
Beim leschte Sondage huet SkyCom sech effektiv ausgezeechent duerch en excellente Service um Client, awer och duerch e gutt Präisleeschtungsverhältnis vu senge Solutiounen rondrem WinFleet®. Last but not least huet den Utilisateure ganz besonnesch déi einfach an intuitiv Aart a Weis gefall, wéi WinFleet® genotzt an agesat ka ginn.

Sabine Friedrichs: Ganz positiv gouf och bewäert, dass SkyCom eng Lëtzebuerger Firma ass.

Paul Lenert: De Fait, dass d’Gesellschaft hire Siège hei am Land an zwar zu Nidderdonwen an der Muselgemeng Fluessweiler huet, erlaabt eng grouss Reaktivitéit, wann e Client e Service brauch.
D’Clienten appreciéieren weiderhin, dass SkyCom mat WinFleet® net nëmmen e Produkt vun der Staang verkeeft, mä och moossgeschneidert Léisungen ubitt.

Sabine Friedrichs: A Ganz instruktiv waren d’Resultater firwat d’Clienten WinFleet® asetzen.

Paul Lenert: Hei goufe genannt:  e verbesserten Asaz vum Fuerpark; déi virdefinéiert Rapporten vu WinFleet®, déi eng méi efficace Gestioun a verschiddene Beräicher vun der Entreprise erméiglechen; eng besser Qualitéit am Aussendéngscht, awer och de Fait, dass ee mat WinFleet® seng Këschte vu Benzin an Ënnerhalt vum Fuerpark an och Iwerstonne reduzéiere kann.

Sabine Friedrichs: De schéinste Luef fir SkyCom gouf et wuel, wéi d’Clienten an der Enquête geäntwert hunn, si kéinten all zu 100 % an ouni Restriktioun WinFleet® weider recommandéieren ! Méi iwwert WinFleet® vun SkyCom ginn mir muer an eisem "Wousst der schonn" gewuer oder elo schonn op woussderschon.radio.rtl.lu an op www.skycom.com

 

Wousst der schonn – Freiden, den 11.12.2015

Sabine Friedrichs: Wousst der schonn...
...dass de Gros vun de Clienten vum Geolokalisatiounssystem WinFleet® vun der Firma SkyCom aus dem Handwierk kommen? - Paul Lenert, Generaldirekter vun der Firma SkyCom.

Paul Lenert: Ronn 1.000 Clienten mat iwer 12.000 Gefirer am Asatz notzen haut WinFleet®. D’Firma SkyCom as domad net nëmmen e Pionéier vun Telematikléisungen, mais och eng stark Referenz um Lëtzebuerger Marché. SkyCom huet iwregens och nach e grousse Partner zu Paräis.

Sabine Friedrichs: An De Gros vun de Clienten wärt och haptsächlich aus dem Handwierk kommen?

Paul Lenert: Awer och vill aner Secteuren vertrauen op d’SkyCom-Software “Made in Luxembourg”: sief et d’Baubranche, Logistikdengschter, den Handel, Gastronomie & Catering, Firmen, déi d’Locatioun vu Gefirer machen, de Krankentransport, d’Autobusbranche oder aner Persounentransportdengschter.

Sabine Friedrichs: An WinFleet® woar ursprünglech fir Privatentreprise entweckelt gin.

Paul Lenert: An der Tëschenzäit interesséieren sech awer och ëmmer méi Gemengen a staatlech Administratioune fir de System. Si all wëllen sech moderniséieren, méi efficace gin, andeems se d’Opportunitéiten méi konsequent notzen, déi d’Evolution vun den Technologien méiglech mecht.

Sabine Friedrichs: Interessant as et drop hinzeweisen, dass WinFleet® sech fir kleng a grouss Firmen eegent.

Paul Lenert: Emmerhin 40 Prozent vun eise Clienten hun tëschent 1 a 5 Gefirer am Asatz, ronn 50% tëschent 10 a 50 Autoën, awer och 10 Prozent hun iwer 50 Gefirer am Asatz.
D’Fachleit gin dervun aus, dass Geolokalisatiounssystemer eng ähnlech Entwecklung ewéi sengerzeit de Mobilfunk wärten erliewen.

Sabine Friedrichs: Am Kloertext heescht dat, dat d’Technologie, déi haut haptsächlech vun innovativen Entreprise genotzt gett, an den neechste Joeren zu enger Standardapplikatioun waert gin. WinFleet® a ganz interessant Thema also dest Woch an eisem “Wousst der schonn” Mei Infoen gett et op www.skycom.com oder scheckt hinen einfach eng E-Mail op info@skycom.com

Go back